Firwat sinn deng Präisser sou gënschteg?
Well ech grad ugefangen hun mat mengem Studio. Meng éischt 5 Cliente profitéiere vun engem Grënnungs-Tarif – dat ass ongeféier d'Hallschent vum normale Präis – am Tosch fir eng eierlech Bewäertung an d'Recht, hir Säit a mengem Portfolio ze weisen.
Wat heescht "gratis Entworf"?
Éier du ee Cent bezils, konzipéieren ech en Entworf vun denger Startsäit. Wann der dat nees net gefällt, trennen sech eis Weeër ouni mer een eenzege Cent ze schëllegen. Wann s du averstane bass, baue mir de Rescht zesummen op.
Weem gehéiert d'Websäit?
Dir. Mam "Eemolege Kaf" kanns du se op en aneren Hoster transferéieren wéini s du wëlls, ouni Begrënnung. Mam "Abonnement" gehéiert se dir zu 100% no den éischten 24 Méint ouni zousätzlech Käschten.
Wat geschitt no den 24 Méint Abonnement?
De Service leeft Mount fir Mount weider mat enger Kënnegungsfrist vun engem Mount. Du kriss ee gratis Re-Design vum Layout. Wann s du kënnegs, ginn ech dir deng Websäit gratis mat.
Kann ech d'Abonnement virzäiteg kënnegen?
Jo. Du musst einfach déi verbleiwend monatlech Beträg vun der Mindestlafzäit vu 24 Méint bezuelen, ouni verstoppte Fraisen oder Strofen.
Wat geschitt wann s du krank bass oder mat der Aktivitéit ophäls?
Dat ass eng gutt a berechtegt Fro bei engem Freelancer. All meng Entwécklunge sinn dokumentéiert an deeglech geséchert. Deng Säit ass net vu menger Persoun ofhängeg. Wann ech ophale géif, géifs du dei ganz Websäit kréien fir d'Verwaltung engem anere Serviceprovider ze ginn.
Hues du nieft dengem Haaptberuff iwwerhaapt Zäit fir mech?
Jo, an dat ass gewollt. Ech huelen nëmme wéineg Projeten gläichzäiteg un, fir datt all eenzelt déi Opmierksamkeet kritt, déi et verdéngt. Gespréicher sinn meeschtens owes oder no Ofsprooch, an op Messagen äntweren ech zouverlässeg. Déi deeglech Backups lafen automatesch, egal wéini ech um Schreifdësch sëtzen.
Muss mäin Betrib unbedingt zu Lëtzebuerg sinn?
Guer net. Ech schaffen mat Betriber vu Lëtzebuerg, dem Saarland, der Regioun Tréier an der Lorraine. Déi meescht Gespréicher sinn online, mee ech kommen och gär bei dech laanscht.
Wat muss ech vu menger Säit aus preparéieren?
Ganz wéineg. Däi Logo wann s du een hues, e puer Fotoe vun dengem Betrib an e bëssi Zäit fir mer deng Aarbecht ze erklären.
Rechnes du d'Mwst (TVA) un?
Nee. Als klenge Betrib ënnerläit meng Aktivitéit der Kleinunternehmerregelung (§19 UStG), dohier gëtt keng Mwst verrechent.